top of page
Hide and Seek
Hide and Seek
ergologo.png

kidSinbalance

Fertig für die Schule

Cranio fir di ganz Kleng


Craniosacral Therapie fir Puppelcher

1 h
130 Euro
19 Rue Bourschterbaach 9018 Warken

Service Description

Craniosacral Therapie ass eng wierksam awer gläichzäiteg ganz douce Kierperaarbecht. Craniosacral-Therapie ass eng wonnerbar Method fir di kleng Butzen ze begleeden fir bei eis ukommen ze kënnen. Iwwer gezielte Beréierungen vu spezifischen Kierperstrukturen ginn déi ganz fein Beweegunge gespuert an Ofwäichunge kënne festgestallt ginn. Di douce Beréierungen an di fein Impulser kënnen déi kierperlech an emotional Spannungen léisen, déi duerch d'Gebuert ëntstinn an eng déif Entspanung erméiglechen. Wéini ass eng Craniosacral-Therapie sënnvoll? Fir d'Puppelcher: • no enger schwéierer Gebuert (z. B. Kaiserschnëtt, Fréigebuert, Saugglock, Zaang) • wann d’Kand dacks a laang kräischt an net berouegt ka ginn • wann d’Kand nervös ass, sech net entspane kann oder net aschléift • bei Verdauungsproblemer (Bauchkrämp, Erbriechen) • bei Schwieregkeete mam Saugen oder Drénken • bei Kappasymmetrien oder Fehlstellungen Fir Mammen: • während der Schwangerschaft als Ënnerstëtzung fir Kierper a Séil • fir d’Entspanung vum Réck a vum Becken (z. B. bei Réckwéi, Erschöpfung, Angscht, Ootmungsproblemer, Soudbrennen) • fir d’Gebuert ze verschaffen, Energie opzetanken a sech selwer eng Freed ze maachen


Cancellation Policy

Bei Stornéierungen bis 24h virum éischte Cours behale mer 10% vum gesamte Montant als Beaarbechtungsgebühr zréck.


Contact Details

  • Ergopraxis kidsinbalance Claude Fasbinder Julie Salentiny, Rue Bourschterbach, Warken Ettelbruck, Luxembourg

    +352 621 515869

    contact@ergopraxis.lu


bottom of page