top of page

Craniosacral Therapie

125 €

60 Min.

Wat ass dat?
 

Craniosacral Therapie ass eng wierksam awer gläichzäiteg ganz douce Kierperaarbecht. Duerch d'Cranio gët den Craniosacrale Rhythmus, a séng ursprünglech natierlech Bewegung zréckbruecht. Duerch déi strukturell Aarbecht ginn d'Kierperfunktiounen beaflosst an ënnerstëtzen sou di égen Heelungsmechanismen vum Kierper.

D'Cranio stäerkt eis eegen Selbsthelungskraaft an huet sech scho bei villen Krankheeten a Symptomer bewährt.

Di ganz douce Method vun der Craniosacral Therapie eegent sech souwuel bei Erwuessenen, wéi och bei Jugendlichen, Kanner a Puppelcher.


Allgemeng Indikatiounen fir eng Craniosacral Therapie

Craniosacral Therapie ass eng wertvoll Ënnerstëtzung

  • Bei Kappwéih oder Migrän

  • Bei Beschwerden ronderëm de Bewegungsapparat, wéi z.B. Réckwéih, Muskel- oder Gelenksbeschwerden, Kiefer-Gelenk Syndrom

  • Bei Ängschten, oder am Ëmgang mat schwieregen Liewenssituatiounen

  • Bei Verdauungsproblemer oder Schlofstéierungen

  • No kierperlechen Verletzungen oder Operatiounen, z.B. Kaiserschnëtt, Narbebehandlung

  • No emotionalen Traumen

  • Bei der Erhuelung vu Stress oder Erschöpfungszoustänn, wéi z.B. Burn-Out

  • Bei sensoresche Stéierungen z.B. Gläichgewiicht, Geroch, Gehéier oder Vue

  • Bei Kannerwonsch

  • Virun oder no der Gebuert

Cranio bei Kanner a Puppelcher

  • Bei Konzentratiounsproblemer oder Léierschwieregketen

  • Bei visuell-raimlechen Schwieregketen

  • Bei Tic'en

  • Beim Propperginn, bei der Kontroll vun der Blos a vum Daarm

  • No schwieregen, komplizéierte Gebuerten, z.B. Kaiserschnëtt, Ventouse oder Zaang

  • Bei Schlofstéierungen an allgemenger Onrouh

  • Bei Hyperempfindlechkeet op sensoresch Reizer

  • Bei Regulatiounsschwieregketen

  • Bei Ängschten oder allgemenger Veronsécherung

  • Bei Koordinatiouns- a Bewegungsopfällegketen vun Ärm a Been

  • Bei Gläichgewiichtsproblemer

  • Bei Schwieregketen vun der Kappkontroll






bottom of page